
Joergang 1970.
Ech si Mamm vun dräi Kanner, e liewensfrouen an naturverbonnene Mënsch dee gären seng Zäit mat léiwe Mënsche verbréngt.
Zanter 4 Joer widmen ech meng Fräizäit méi spirituellen an ganzheetlechen Themen... Medialitéit, Numerologie, Baachbléien an Emmett-Technique, déi nees de Mënsch als Ganzt an de Mëttelpunkt stellt.
Ech ginn zesummen mam Pascale Oster Coursen am Beräich Schamanismus, wat mir immens Spaass mecht. Doduerch sinn ech inspiréiert ginn Souls in Balance ze grënnen an ech sinn dovunner iwwerzeegt de Leit domat ze hëllefen e Schratt op sech selwer duer ze maachen...

Joergang 1979.
Ech sinn e liewensfrouen, lëschtegen, naturverbonnenen an oppene Mënsch. Reesen, Wanderen, mam Mupp spazeiere goen oder gemittlech zesumme sëtze mat Frënn, gehéieren zu mengen “Auszäiten vum Alldag”. Ech hunn eng ganz Réi Ausbildungen am spirituelle Beräich gemaach an hu mech op Medialitéit spezialiséiert. Eng aner grouss Passioun vu mir ass et fir Tarotkaarten ze leeën an do och meng Intuitioun derbäi ze notzen.
Et ass mer wichteg de Leit ze hëllefen, an der Hoffnung hinne vläit e kléngt Stéck weider ze hëllefen op hierem Wee...

Joergang 1975.
Ech si Mamm vun 2 Kanner an ech sinn e ganz liewensfrouhe Mënsch.
Aneren hëllefen läit mir um Häerz.
Viru knapp zwee Joër huet d'Meditatioun mer Dieren zu spirituellen Themen opgemaach. Ech sinn nach ganz am Ufank vu mengem Wee, mee ech freeë mech op d'Entwécklung vun der grousser a spannender Rees. Aktuell beschäftegen ech mech regelméisseg mat Reiki, Lahochi grad wéi Schamanismus an éischt Schrëtt an der Medialitéit si gemaach.
Ech si gespaant op alles wat d'Zukunft mer lo nach bréngt...

Joergang 1967.
Ech sin en humorvollen, virwëtzegen a kreative Mënsch, deem d ́Natur an d'Emwelt ganz wichteg sin.
Virun 3 Joer sin ech eng 1. Kéier mat Reiki a Kontakt komm an hun den spirituelle Wee fir mech entdeckt.
Niewend dem Reiki beschäftegen ech mech och mat Schamanismus an
Emmett-Technique.
Dee léiwe Virwëtz huet sech dann och d'Medialitéit als nächst Etapp op
méngem Wee erausgesicht...

Joergang 1968.
Ech sinn e positiven a sozial engagéierte Mënsch. Ech hunn e Päerd mat dem ech gäre vill Zäit verbréngen an ech kann och stonnelaang iwwert dat Thema Päerd schwätzen.
An de leschte 7 Joer hunn ech vill Zäit dran investéiert mäin intuitiivt a médialt Wëssen a Kënnen ze entwéckelen. Ech hunn dobäi och meng artistesch Oder entdeckt, déi virun Allem am intuitive Molen an inspiréierte Schwätzen ëmmer méi duerch kënnt.
De Schwéierpunkt setzen ech op Energieaarbecht wéi Trance-healing, Reiki, Lahochi, a Kommunikatioun, souwuel mam Mënsch, wéi och mam Déier...

Joergang 1969.
Ech kommen aus Dänemark, a 1990 sinn ech fir d’éischte Kéier op Lëtzebuerg komm. Ech hunn och kurzzäiteg, aus beruffleche Grënn, zu Stockholm, an zu London gewunnt. Säit dem Joer 2000 sinn ech fest hei am Land usässeg. Ech sinn e postiven an oppene Mënsch, hunn awer och e puer Naupen. Mat méngem Humor bréngen ech d’Léit gären zum Laachen. De Léit nozelauschtern a se opzemonteren läit a ménger Natur. Ech engagéiere mech och gären sozial. Säit ménger Teenagerzäit interesséieren ech mech fir Alles wat mat Spiritualitéit ze dinn huet, a beschäftege mech zënter e puer Jore méi intensiv mat Médialitéit, Intuitioun an alternative Methoden déi d’Gesondheet ënnerstëtzen...