BEGIN:VCALENDAR
VERSION:2.0
PRODID:-//House of Mediumship - ECPv6.15.20//NONSGML v1.0//EN
CALSCALE:GREGORIAN
METHOD:PUBLISH
X-WR-CALNAME:House of Mediumship
X-ORIGINAL-URL:https://attraversiamo.lu
X-WR-CALDESC:Veranstaltungen für House of Mediumship
REFRESH-INTERVAL;VALUE=DURATION:PT1H
X-Robots-Tag:noindex
X-PUBLISHED-TTL:PT1H
BEGIN:VTIMEZONE
TZID:Europe/Berlin
BEGIN:DAYLIGHT
TZOFFSETFROM:+0100
TZOFFSETTO:+0200
TZNAME:CEST
DTSTART:20230326T010000
END:DAYLIGHT
BEGIN:STANDARD
TZOFFSETFROM:+0200
TZOFFSETTO:+0100
TZNAME:CET
DTSTART:20231029T010000
END:STANDARD
BEGIN:DAYLIGHT
TZOFFSETFROM:+0100
TZOFFSETTO:+0200
TZNAME:CEST
DTSTART:20240331T010000
END:DAYLIGHT
BEGIN:STANDARD
TZOFFSETFROM:+0200
TZOFFSETTO:+0100
TZNAME:CET
DTSTART:20241027T010000
END:STANDARD
BEGIN:DAYLIGHT
TZOFFSETFROM:+0100
TZOFFSETTO:+0200
TZNAME:CEST
DTSTART:20250330T010000
END:DAYLIGHT
BEGIN:STANDARD
TZOFFSETFROM:+0200
TZOFFSETTO:+0100
TZNAME:CET
DTSTART:20251026T010000
END:STANDARD
END:VTIMEZONE
BEGIN:VEVENT
DTSTART;VALUE=DATE:20240427
DTEND;VALUE=DATE:20240429
DTSTAMP:20260501T033841
CREATED:20240123T115525Z
LAST-MODIFIED:20240123T120110Z
UID:817-1714176000-1714348799@attraversiamo.lu
SUMMARY:Workshop Medialitéit 1/2 - Intuitive Weekend
DESCRIPTION:Medialitéit ass eis Passioun an des Passioun wëlle mir mat Iech deelen.\nMir\, dat sinn d’Myriam\, d’Renée Anne an d’Tanja. Mir hunn eis Ausbildung zur intuitiver a medialer Beroderin virun ongeféier 10 Joer beim Anne Vonjahr gemaach\, an hunn duerno weider Ausbildungen an dem Beräich ënner anerem am Arthur Findlay College\, bei renomméierten Ausbilder gemach\, dorënner Penny Francis\, Jackie Wright\, Matthew Smith\, Andrej Djordjevich\, Catherine Grundy\, Sandy Baker\, Lynn Cottrell\, Maureen Murnan\, Hazel Ballard\, Collin Bates\, Bill Thomson\, Andy Bing\, John Johnson.\nDëst huet eis ee breeden Abléck gin wéi vielfälteg a kreativ déi geeschteg Welt mat eis kann a wëll schaffen\, ma virun allem konnte mer a kënne mer ëmmer nees op e Neits erliewen wéivill Heelung dës Kommunikatioun bréngt.\nJiddereen ka mat der geeschteger Welt kommunizéieren\, wann e gewëllt ass dës «Sprooch» ze léieren an oppen ass vir eng Erfahrung\, déi aus eisem Alldeeglechen eraus geet.\nDe Workshop ass op 2 Weekender opgedeelt\, déi openeneen opbauen.\nIntuitive Weekend 27 + 28 Abrëll 2024 zu Noumer\nDësen éischte Weekend këmmere mer eis em eis Intuitioun.\nUnhand vun enger gefouerte Meditatioun léiere mer eise Fokus nees op eis selwer\, eist Bauchgefill an eis Sënner ze setzen.\nMir léiere mat flotten interaktiven Übungen\, eis selwer besser anzeschätze respektiv ze verstoen\, awer och eise vis-à-vis richteg anzeschätzen.\nMat Hëllef vu Faarwen\, vu Karten-Setten\, vu Biller léiere mer eis een holistescht Bild ze maache vun engem Mënsch\, fort vum Verstand a vun deem wat mer just gesinn\, hin zu deem wat dëse Mënsch ausmécht\, säi Wiesen\, seng Gefiller.\nEng gutt Intuitioun hëlleft eis am Alldag Situatiounen a Mënsche besser anzeschätzen an Decisiounen ze huelen déi vir eis gesond sinn.\nGrad an Zäiten\, wou mer nach ëmmer geprägt sinn vun der Omnipresenz vun de Medien\, vun enger Leeschtungs- a Konkurrenzorientéierter Gesellschaft\, ass et ëmmer méi wichteg\, eis op dat Wesentlecht ze konzentréieren.\nEis Dreem\, eis Stäerkten\, eis Individualitéit\, dat wat all Eenzele vun eis sou authentesch mécht.\nEis Intuitioun ze schoule bréngt eis op eng wonnerbar Manéier nees méi no zu eisem Kär.\nDëse Workshop ass d’Grondlag fir kënnen um mediale Weekend deelzehuelen.\nDen 2te Weekend ass de 4ten a 5ten Mee\nhttps://fb.me/e/2XlMu8A2G \nPräis fir just den Intuitive Weekend : 300 €\nPräis fir déi 2 Weekender (Intuitiv a medial) : 500 €\nWann der interesséiert sid oder wann der nach Froen hutt\, da mellt iech per Mail op attraversiamo.lux@gmail.com oder per Messenger bei eis a mir kënnen iech déi néideg Detailer ginn.\nMir wëllen eis awer och nach virstellen :\nMyriam Wiot\nMember vun Attraversiamo an de Mënsch hannert Séileflillek\ninfo@myriam-wiot.lu\n• Naturresilienztraining\n• Coaching\n• Reiki Teacher\n• Intuitiv a medial Beroderin\n• A villes méi\nRenée Anne Weber\nVize-Präsidentin vun Attraversiamo an de Mënsch hannert For all Souls\nreneeforallsouls@gmail.com\n• Tarot de Marseille\n• Déierekommunikatioun\n• Reiki Master\n• Bachbléien\n• Intuitiv a medial Beroderin\n• A villes méi\nTanja Albonetti\nPräsidentin vun Attraversiamo an de Mënsch hannert Souls in Balance\nsoulsinbalance@gmail.com\n• Numérologie\n• Emmett-technique\n• Reiki Teacher\n• Schamanecouren\n• Bachbléien\n• Intuitiv a medial Beroderin\n• A villes méi
URL:https://attraversiamo.lu/index.php/event/workshop-medialiteit-1-2-intuitive-weekend/
LOCATION:Nommern\, Nommern\, Luxemburg
END:VEVENT
END:VCALENDAR