
- Diese Veranstaltung hat bereits stattgefunden.
En Trance Rendezvous mat der geeschteger Welt
Freitag, 9 August 2024 @ 19:30 - 21:00
35€Dëse Rendezvous mat der geeschteger Welt ass des Kéier emol anescht, well mir net selwer Kontakter mat der geeschteger Welt hierstellen, mee mir hunn déi grouss Chance, dass den Andrej Djordjevitch DSNU, den en international unerkannt Medium, an Tuteur am bekannten Arthur Findlay College ass, op Lëtzebuerg kënnt an nieft engem 3 deegege Cours och selwer eng „Trance“ Demonstratioun gëtt.
Wärend dem Trance Zoustand mécht de Medium der geeschteger Welt Platz a sengem Kapp andeems en seng eege Gedanken op „standby“ stellt, fir der geeschteger Welt ze erlaben hire Geescht mat him ze vermëschen an sou duerch hie kënnen hier Energie, Wëssen, Messagen, Heelung,… kënne bei d’Publikum duerchfléissen ze loossen.
Dëst ass eng flott Geleeënheet sou eppes emol „live“ ze erliewen an déi waarm heelend Energie vun der geeschteger Welt selwer ze spieren.
Präis: 35 €
Umeldung: attraversiamo.lux@gmail.com
Umeldung: attraversiamo.lux@gmail.com
