Lade Veranstaltungen

« Alle Veranstaltungen

Schnuppercours Intuitioun/Medialitéit

Samstag, Mai 16, @ 10:00 - Sonntag, Juni 7, @ 17:00
550€
Dëse Workshop ass op 2 Weekender opgedeelt, déi openeneen opbauen.
Dir kënnt awer och just den Intuitive Weekend eenzel buchen.
– 16 + 17 Mee 2026: Intuitioun schoulen
– 6 + 7 Juni 2026: Medialitéit entwéckelen
Déi 4 Deeg vun 10:00-17:00 Auer mat 1 Stonn Mëttespaus.
Den éischte Weekend këmmere mer eis em eis Intuitioun.
Unhand vun enger gefouerte Meditatioun léiere mer eise Fokus nees op eis selwer, eist Bauchgefill an eis Sënner ze setzen.
Mir léiere mat flotten interaktiven Übungen, eis selwer besser anzeschätze respektiv ze verstoen, awer och eise vis-à-vis richteg anzeschätzen.
Mat Hëllef vu Faarwen, vu Karten-Setten, vu Biller léiere mer eis een holistescht Bild ze maache vun engem Mënsch, fort vum Verstand a vun deem wat mer just gesinn, hin zu deem wat dëse Mënsch ausmécht, säi Wiesen, seng Gefiller.
Eng gutt Intuitioun hëlleft eis am Alldag Situatiounen a Mënsche besser anzeschätzen an Decisiounen ze huelen déi vir eis gesond sinn.
Grad an Zäiten, wou mer nach ëmmer geprägt sinn vun der Omnipresenz vun de Medien, vun enger Leeschtungs- a Konkurrenzorientéierter Gesellschaft, ass et ëmmer méi wichteg, eis op dat Wesentlecht ze konzentréieren.
Eis Dreem, eis Stäerkten, eis Individualitéit, dat wat all Eenzele vun eis sou authentesch mécht.
Eis Intuitioun ze schoule bréngt eis op eng wonnerbar Manéier nees méi no zu eisem Kär.
Dëse Workshop ass d’Grondlag fir kënnen um mediale Weekend deelzehuelen.
Den zweete Weekend gesi mer dass eis Intuitioun d’Basis ass vir eng gutt Kommunikatioun hierzestellen mat der geeschteger Welt.
Mir begleeden an ënnerstëtzen Iech doranner äert Kraaftfeld opzebauen an héich ze halen, är Wahrnehmung nei auszeriichten an esou déi wonnerbar an heelsam Energien wouer ze huelen vun der geeschteger Welt.
Et ass eng magesch an interessant Erfarung, déi eise Bléckwénkel nei ausriicht, ma virun allem eis hëllefe kann (nees) Vertrauen an d‘ Magie vun dësem Liewen ze kréien. Mir si méi, vill méi wéi eise physesche Kierper a mir duerfen eis zu all Moment mat deem verbannen wat ëmmer ronderëm eis ass a just drop waart eis op eisem Wee ze begleeden an ënnerstëtzen.

Medialitéit ass eis Passioun an déi wëlle mer mat Iech deelen.
Dëse Workshop ass d’Fortsetzung vum intuitive Weekend
Präis fir just den 1. Weekend – Intuitioun: 300 €
Präis fir déi 2 Weekender, Intuitioun a Medialitéit: 550 €
Wann der den Trance Healing Weekend am Dezember 2025 oder am Abrëll 2026 och scho matgemach hudd, da braucht der just 500 € fir dëse Workshop (2 Weekender) ze bezuelen.
Wann der interesséiert sidd oder wann der nach Froen hutt, da mellt iech per Mail op attraversiamo.lux@gmail.com oder per Messenger bei eis a mir kënnen iech déi néideg Detailer ginn.

Details

Veranstalter

  • House of Mediumship by Attraversiamo

Veranstaltungsort

  • Wormeldange
  • Luxemburg