Lade Veranstaltungen

« Alle Veranstaltungen

Trance Healing

Samstag, Dezember 13, @ 10:00 - Sonntag, Dezember 14, @ 17:00
300€
Healing an Trance, wéi kann dat zesumme gehéieren?
Dat wäert deen een oder anere vun iech sech froen.
An dach kennt der dat eent ewéi dat anert vum Héiere soen oder sidd schonns domat a Kontakt komm.
Trance benotzt de Kierper am Alldag, mir sinn eis et just net ëmmer bewosst.
An dësem Schnuppercours wëlle mer iech mathuelen an dës Aart vu Bewosstsäinszoustand.
Mir wëllen dës Begrëffer an dës Method entmystifizéieren an iech d‘Chance ginn et als dat ze gesi wat et ass: eng reng a staark Energie déi eis all zur Verfügung steet an déi eis hëlleft an ënnerstëtzt an eisen emotionalen oder kierperleche Prozesser, eis Selbstheelungsprozesser ukuerbelt, an eis d‘Méiglechkeet gëtt eis op natierlech an einfach Manéier ze ressourcéieren.
Mir gesinn an erliewen den Ënnerscheed tëscht Healing an Trancehealing an duerfen un eis selwer spiere wei närend an heelsam et ass sech mat dem ze verbannen déi stänneg ronderëm eis ass an déi Deel vun eis ass: déi universell an heelsam ënnerstëtzend Energie.
De Präis ass 300.-Euro
Umeldunge per Email op attraversiamo.lux@gmail.com oder iwwert Messenger.
D’Plaze sinn op 12 Persounen limitéiert.

Details

  • Beginn: Samstag, Dezember 13, @ 10:00
  • Ende: Sonntag, Dezember 14, @ 17:00
  • Eintritt: 300€
  • Website: https://fb.me/e/ca8eQ9opI

Veranstalter

  • House of Mediumship by Attraversiamo

Veranstaltungsort