Lade Veranstaltungen

« Alle Veranstaltungen

  • Diese Veranstaltung hat bereits stattgefunden.

Rendez-Vous mat der geeschteger Welt – medial Demo

Freitag, 2 Februar 2024 @ 19:30
€25

Wéi oft mengt een eng vertraute Stëmm ze héieren, e bestëmmte Geroch an der Nues ze hunn oder souguer e bekannt d’Gesiicht an enger Mënschemass erëmzegesinn… an da setzt de Verstand nees an… dat kann dach net sinn, well déi Persoun ass dach net méi do…
Mee kann et dann net awer sinn dass et méi gëtt wéi eis mënschlech Form?
Kann et sinn, dass déi Léit déi eis zu Liefzäiten no waren nach ëmmer hir Präsenz spiere loossen, ebe just an enger anerer Form?
An eiser haiteger Zäit wou mir alleguer funktionéiere mussen, a Krankheet, Alter an Doud Tabutheme sinn, wëlle mir e Raum schafe wou dir iech duerch eis Hëllef un Är léif Verstuerwen dierft erënneren, ouni reliéisen Hannergrond, Iech hinnen nees méi no dierft spieren.
Dëse spezielle Rendezvous beinhalt:
• Eng inspiréiert Ried iwwert en Thema dat dee Moment wichteg fir déi Leit ass déi um Rendezvous sinn
• Message vun e puer vun Äre Verstuerwenen.
D’Sandrine Ehlinger, d’Tanja Albonetti, d‘Myriam Wiot an d’Renée Anne Weber wiesselen sech of fir den Owend d‘Kontakter mat der geeschteger Welt ze machen
Platzen sinn op 15 limitéiert, den Éischten ass fir…
Präiss: 25 €
Wou: zu Noumer
Umeldung:
Schéckt eis w.e.g. eng Email op attraversiamo.lux@gmail.com oder kontaktéiert eis iwwer Messenger fir ze froen op nach Plaz ass.
Dir kritt dorops hin eng Ãtwert mat der Kontosnummer vir ze iwwerweise geschéckt.
Mir fréën eis op Iech.

Details

Veranstaltungsort