Lade Veranstaltungen

« Alle Veranstaltungen

  • Diese Veranstaltung hat bereits stattgefunden.

Workshop Medialitéit 1/2 – Intuitive Weekend

Samstag, 27 April 2024 - Sonntag, 28 April 2024

Medialitéit ass eis Passioun an des Passioun wëlle mir mat Iech deelen.
Mir, dat sinn d’Myriam, d’Renée Anne an d’Tanja. Mir hunn eis Ausbildung zur intuitiver a medialer Beroderin virun ongeféier 10 Joer beim Anne Vonjahr gemaach, an hunn duerno weider Ausbildungen an dem Beräich ënner anerem am Arthur Findlay College, bei renomméierten Ausbilder gemach, dorënner Penny Francis, Jackie Wright, Matthew Smith, Andrej Djordjevich, Catherine Grundy, Sandy Baker, Lynn Cottrell, Maureen Murnan, Hazel Ballard, Collin Bates, Bill Thomson, Andy Bing, John Johnson.
Dëst huet eis ee breeden Abléck gin wéi vielfälteg a kreativ déi geeschteg Welt mat eis kann a wëll schaffen, ma virun allem konnte mer a kënne mer ëmmer nees op e Neits erliewen wéivill Heelung dës Kommunikatioun bréngt.
Jiddereen ka mat der geeschteger Welt kommunizéieren, wann e gewëllt ass dës «Sprooch» ze léieren an oppen ass vir eng Erfahrung, déi aus eisem Alldeeglechen eraus geet.
De Workshop ass op 2 Weekender opgedeelt, déi openeneen opbauen.
Intuitive Weekend 27 + 28 Abrëll 2024 zu Noumer
Dësen éischte Weekend këmmere mer eis em eis Intuitioun.
Unhand vun enger gefouerte Meditatioun léiere mer eise Fokus nees op eis selwer, eist Bauchgefill an eis Sënner ze setzen.
Mir léiere mat flotten interaktiven Übungen, eis selwer besser anzeschätze respektiv ze verstoen, awer och eise vis-à-vis richteg anzeschätzen.
Mat Hëllef vu Faarwen, vu Karten-Setten, vu Biller léiere mer eis een holistescht Bild ze maache vun engem Mënsch, fort vum Verstand a vun deem wat mer just gesinn, hin zu deem wat dëse Mënsch ausmécht, säi Wiesen, seng Gefiller.
Eng gutt Intuitioun hëlleft eis am Alldag Situatiounen a Mënsche besser anzeschätzen an Decisiounen ze huelen déi vir eis gesond sinn.
Grad an Zäiten, wou mer nach ëmmer geprägt sinn vun der Omnipresenz vun de Medien, vun enger Leeschtungs- a Konkurrenzorientéierter Gesellschaft, ass et ëmmer méi wichteg, eis op dat Wesentlecht ze konzentréieren.
Eis Dreem, eis Stäerkten, eis Individualitéit, dat wat all Eenzele vun eis sou authentesch mécht.
Eis Intuitioun ze schoule bréngt eis op eng wonnerbar Manéier nees méi no zu eisem Kär.
Dëse Workshop ass d’Grondlag fir kënnen um mediale Weekend deelzehuelen.
Den 2te Weekend ass de 4ten a 5ten Mee
https://fb.me/e/2XlMu8A2G

Präis fir just den Intuitive Weekend : 300 €
Präis fir déi 2 Weekender (Intuitiv a medial) : 500 €
Wann der interesséiert sid oder wann der nach Froen hutt, da mellt iech per Mail op attraversiamo.lux@gmail.com oder per Messenger bei eis a mir kënnen iech déi néideg Detailer ginn.
Mir wëllen eis awer och nach virstellen :
Myriam Wiot
Member vun Attraversiamo an de Mënsch hannert Séileflillek
info@myriam-wiot.lu
• Naturresilienztraining
• Coaching
• Reiki Teacher
• Intuitiv a medial Beroderin
• A villes méi
Renée Anne Weber
Vize-Präsidentin vun Attraversiamo an de Mënsch hannert For all Souls
reneeforallsouls@gmail.com
• Tarot de Marseille
• Déierekommunikatioun
• Reiki Master
• Bachbléien
• Intuitiv a medial Beroderin
• A villes méi
Tanja Albonetti
Präsidentin vun Attraversiamo an de Mënsch hannert Souls in Balance
soulsinbalance@gmail.com
• Numérologie
• Emmett-technique
• Reiki Teacher
• Schamanecouren
• Bachbléien
• Intuitiv a medial Beroderin
• A villes méi

Details

  • Beginn: Samstag, 27 April 2024
  • Ende: Sonntag, 28 April 2024

Veranstaltungsort