Medialitéit ass eis Passioun an des Passioun wëlle mir mat Iech deelen.
Mir, dat sinn d’Myriam, d’Renée Anne an d’Tanja. Mir hunn eis Ausbildung zur Intuitiver a medialer Beroderin virun ongeféier 10 Joer beim Anne Vonjahr gemaach, an hunn duerno weider Ausbildungen an dem Beräich ënner anerem am Arthur Findlay College, bei renomméierten Ausbilder gemach, dorënner Penny Francis, Jackie Wright, Matthew Smith, Andrej Djordjevich, Catherine Grundy, Sandy Baker, Lynn Cottrell, Maureen Murnan, Hazel Ballard, Collin Bates, Bill Thomson, Andy Bing, John Johnson.
Dëst huet eis ee breeden Abléck gin wéi vielfälteg a kreativ déi geeschteg Welt mat eis kann a wëll schaffen, ma virun allem konnte mer a kënne mer ëmmer nees op e Neits erliewen wéivill Heelung dës Kommunikatioun bréngt.
Jiddereen ka mat der geeschteger Welt kommunizéieren, wann e gewëllt ass dës « Sprooch » ze léieren an bereet ass sech op ze machen vir déi Welt déi ganz no bei eis ass.
De Workshop ass op 2 Weekender opgedeelt, déi openeneen opbauen.
Mediale Weekend 04. + 05. Mee 2024 zu Noumer
Den zweete Weekend gesi mer dass eis Intuitioun d’Basis ass vir eng gutt Kommunikatioun hierzestellen mat der geeschteger Welt.
Mir begleeden an ënnerstëtzen Iech doranner äert Kraaftfeld opzebauen an héich ze halen, är Wahrnehmung nei auszeriichten an esou déi wonnerbar an heelsam Energien wouer ze huelen vun der geeschteger Welt.
Et ass eng magesch an interessant Erfarung, déi eise Bléckwénkel nei ausriicht, ma virun allem eis hëllefe kann (nees) Vertrauen an d‘ Magie vun dësem Liewen ze kréien. Mir si méi, vill méi wéi eise physesche Kierper a mir duerfen eis zu all Moment mat deem verbannen wat ëmmer ronderëm eis ass a just drop waart eis op eisem Wee ze begleeden an ënnerstëtzen.
Medialitéit ass eis Passioun an déi wëlle mer mat Iech deelen.
Dëse Workshop ass d’Fortsetzung vum intuitive Weekend
Präis fir déi 2 Weekender (Intuitiv a medial) : 500 €
Wann der interesséiert sid oder wann der nach Froen hutt, da mellt iech per Mail op attraversiamo.lux@gmail.com oder per Messenger bei eis a mir kënnen iech déi néideg Detailer ginn.
Mir wëllen eis awer och nach virstellen :
Myriam Wiot
Member vun Attraversiamo an de Mënsch hannert Séileflillek
info@myriam-wiot.lu
• Naturresilienztraining
• Coaching
• Reiki Teacher
• Intuitiv a medial Beroderin
• A villes méi
Renée Anne Weber
Vize-Präsidentin vun Attraversiamo an de Mënsch hannert For all Souls
reneeforallsouls@gmail.com
• Tarot de Marseille
• Déierekommunikatioun
• Reiki Master
• Bachbléien
• Intuitiv a medial Beroderin
• A villes méi
Tanja Albonetti
Präsidentin vun Attraversiamo an de Mënsch hannert Souls in Balance
soulsinbalance@gmail.com
• Numérologie
• Emmett-technique
• Reiki Teacher
• Schamanecouren
• Bachbléien
• Intuitiv a medial Beroderin
• A villes méi